2FA astellen - LuxID
Zwee-Faktor-Authentifikatioun (2FA) astellen
Schützt Äre Kont géint onbefugten Zougang, andeems Dir d'Zwee-Faktor-Authentifikatioun (2FA) astellt. Dës Sécherheetsmethod verstäerkt Äre Schutz andeems se bestätegt, datt Dir tatsächlech déi Persoun sidd, déi Dir virgitt ze sinn. Si benotzt eppes, wat Dir wësst (Äert Passwuert) an eppes, wat Dir hutt (Telefon, App, LuxTrust) an mëttlerweil och oft eppes wat Dir sidd (Biometrie).
Bestëmmten Uwendungen a Funktiounen erfuerderen eng Zwee-Faktor-Authentifikatioun fir en erhéichte Sécherheetsniveau ze garantéieren.
Verschidde Methoden sinn an Äre Kont-Astellungen verfügbar:
SMS-Code
Dir kritt eppes eenzegaartegen Code per SMS op Äre Telefon fir Är Identitéit beim Login ze bestätegen.
Authentifizéierungs-App
Eng App (wéi Google Authenticator, Microsoft Authenticator, Apple Passwords) generéiert e Code fir eng eenzeg Notzung fir Äre Login ze verifizéieren.
LuxTrust-Produit
Benotzt en LuxTrust-Produit fir d'Umeldung sécher ze bestätegen.
Tipp: Mir recommandéieren Iech, verschidde Methoden fir déi Zwee-Faktor-Authentifikatioun (2FA) anzestellen. Dëst garantéiert Iech e sécheren Zougang zu Ärem Kont, och wann Dir eng vun den Authentifikatiounsmethoden verléiert (zum Beispill bei engem Telefonswiessel oder dem Verloscht vun Ärer Authentifizéierungs-App).
Zwee-Faktor-Authentifikatioun (2FA) astellen
Fir d’Zwee-Faktor-Authentifikatioun anzeriichten, mellt Iech un op Ärem LuxID-Kont ënner https://account.luxid.lu/. An der Sektioun „Sécherheet“ fannt Dir déi verschidde zousätzlech Authentifikatiounsmethoden déi verfügbar sinn.
Eng Mobilnummer dobäisetzen
Fir d’SMS-Code-Methode ze benotzen:
- Wielt ënnert „Zousätzlechen Sécherheetsschratt Methoden“ d’Optioun „SMS (OTP)“.
- Setzt Är Telefonsnummer bäi. E Code gëtt Iech per SMS geschéckt, fir dës Nummer ze verifizéieren.
- Gitt de Code aus dem SMS an, fir Är Nummer ze validéieren an d’Optioun z’aktivéieren, dës Nummer als Authentifikatiounsfaktor ze benotzen.
Tipp: Wann Dir d’SMS net direkt kritt, kënnt Dir no 30 Sekonnen eng nei SMS ufroen. Falls d’SMS ëmmer nach net ukënnt, kann Iech en automatiséierten Uruff de Code montal matdeelen.
Eng Authentifizéierungs-App astellen
Wann Dir keng Telefonsnummer uginn wëllt, oder wann Dir eng zousätzlech Method derbäi wëllt setzen, kënnt Dir eng Authentifizéierungs-App astellen, fir en eenzegaartege Code ze generéieren:
- Wielt ënnert „Zousätzlechen Sécherheetsschratt Methoden“ d’Optioun „Applikatioun (TOTP)“.
- E QR-Code gëtt um Bildschierm ugewise. Maacht Är bevorzugten Authentifizéierungs-App (wéi Google Authenticator, Apple Passwords, 1Password, …) op a scannt de QR-Code.
Alternativ kënnt Dir de Konfiguratiounscode ënnert dem QR-Code kopéieren a direkt an d’App asetze. - Fir d’Konfiguratioun ofzeschléissen, gitt de Code an, deen d’App generéiert huet, an LuxID an.
Tipp: Dës Method ass zouverlässeg an erfuerdert keng mobil Netzwierkverbindung.
E LuxTrust-Produit dobäisetzen
Fir d’Sécherheet vun Ärem LuxID-Kont mat Ärem LuxTrust-Produit ze erhéijen, kënnt Dir et als Authentifikatiounsmethod derbäisetzen:
- Wielt ënnert „Zousätzlechen Sécherheetsschratt Methoden“ d’Optioun „Digital Identitéiten“.
- Suivéiert d'Uweisungen um Bildschierm, fir Äere LuxTrust-Produit als digital Identitéit mat Ärem LuxID-Kont ze verbannen.
- Um Enn vum Prozess setzt Dir d’Optioun fir Äer digital Identitéit als Zwei-Faktor-Authentifikatiounsmethod z’aktivéieren.
Bemierkung: LuxTrust Mobile App gëtt fir maximal Sécherheet staark recommandéiert. D'physesch Geräter, LuxTrust Token, ginn net méi recommandéiert a wäerten no an no ofgeschaf ginn.
Benotzt Passkeys fir Är Umeldung ze vereinfachen
LuxID bitt och Passkeys un, eng séier a sécher Authentifikatiounsléisung, déi Iech erlaabt, op e Passwuert an den Zwei-Faktor-Authentifikatiounsschrëtt ze verzichten (ausser fir LuxTrust, wou fir e puer héichsécher Uwendungen weiderhi gebraucht gëtt). Mat engem Passkey kënnt Dir Iech nach méi séier umellen an de selwechten Sécherheetsniveau behalen.
Äntwerten op Är Froen
Wann Dir keng aner Zwee-Faktor-Authentifikatiounsmethod ageriicht hutt, kënnt Dir net méi op Äre LuxID-Kont zougräifen. An dësem Fall, kontaktéiert w.e.g. eisen Support ënnert support@luxid.lu a benotzt d’E-Mail-Adress, déi Dir benotzt hutt, fir Äre LuxID-Kont ze erstellen.